Warning: Use of undefined constant COP_JOOMLA - assumed 'COP_JOOMLA' (this will throw an Error in a future version of PHP) in /home/klouglu1/public_html/modules/mod_ext_bxslider_images/mod_ext_bxslider_images.php on line 106

Developed in conjunction with Joomla extensions.

Nous vous souhaitons la bienvenue sur notre site internet!

An alle Kléischter vun de Benediktinerinnen vun der éiweger Ubiedung ass d’Maria, Mutter Gottes, fir ëmmer als Äbtissin agesat.

An der Klouschterkapell zu Peppeng steet op der Plaz vun der Äbtissin d’Tréischterin am Leed mat an der rietser Hand net den Zepter, wéi an den anere lëtzebuerger Kierchen a Kapellen, mee dem Äbtissinnestaf.

Maria, Tréischterin am Leed, biet fir eis!

An dëse schwéieren Deeg fir d’Mënschen an eisem Land an op der ganzer Welt, gëtt op ville Plazen duerch d’Laude vun de Kiercheklacken zum Gebiet vum “Engel des Herrn” - dem “Angelus” geruff.

Wéi zënter wäit iwwert 100 Joer ruffen och haut nach am Peppenger Klouschter 3 mol am Dag (um 8 Auer, um 12 Auer an um 20 Auer) d' Klacken zum "Angelus".

 Déi Mënschen, déi sech deem Gebiet wëllen uschléissen fannen den Text hei.